Design meets Handwierk

Show notes

An dëser Episod begéinen sech Design an Handwierk op aussergewéinlech Aart a Weis. D’Julie Conrad, Produktdesignerin, an den Norbert Brakonier, Schrainermeeschter, erzielen, wéi si fir den internationale Projet „Designers of Luxembourg fir Osaka 2025“ zesumme geschafft hunn. Zesummen hu si e Stull entwéckelt, deen net nëmmen am VIP-Bereich vun der Weltausstellung zu Osaka stoung, mee och d’Kreativitéit, d’Ergonomie an d’Nohaltegkeet vereent. D’Episod weist, wéi vill Pingpong, Gedold an Offenheet et brauch, fir Innovatioun ze fërderen, a wéi Designer an Handwierker mat verschiddenen Expertisen eng gemeinsam Sprooch fannen. Mir entdecken, wéi regional Holz, recycléiert Materialien an d’Iddi vun der Reparabilitéit zu engem modernen Miwwel féieren, deen och personaliséierbar ass.

Dans cet épisode, design et artisanat se rencontrent pour donner naissance à une collaboration exceptionnelle. Julie Conrad, designer industrielle, et Norbert Brakonier, maître artisan, partagent leur expérience autour du projet « Designers of Luxembourg pour Osaka 2025 ». Ensemble, ils ont imaginé une chaise exposée dans l’espace VIP de l’Exposition universelle d’Osaka, symbole de créativité, d’ergonomie et de durabilité. L’épisode explore le dialogue entre designer et artisan, les défis à relever et la richesse d’un véritable échange d’idées. On découvre comment le savoir-faire luxembourgeois s’exprime à travers des matériaux locaux et recyclés, avec une attention particulière à la réparabilité et à la personnalisation.