D’Meeschterprüfung: Inspiratioun a Perspektiv am Handwierk
Show notes
Wat bréngt de Brevet de Maîtrise dem Handwierk vun haut a vu muer? D‘Liette Even vun der Chambre des Métiers deelt aussergewéinlech Geschichte vu Bewerber:innen a weist, wéi vill Méiglechkeeten de Brevet bitt. De Pascal Garçon huet 20 Joer op enger Bank geschafft, bis hien de Sprong an d’Gastronomie gewot huet – an elo ass hien selbststännegen Traiteur. De Mike Fandel, Schwammmeeschter zu Esch, verréit, firwat och säi Beruff en Handwierksberuff ass – a firwat hien sech fir de Brevet entscheet huet. Eng Episod iwwer Karriärweeër, Leidenschaft an d’Kraaft vum Handwierk.
Le Brevet de Maîtrise ouvre des portes – et parfois même des vocations. Liette Even de la Chambre des Métiers partage des histoires étonnantes de candidat·e·s et montre tout ce que ce diplôme peut offrir. Pascal Garçon a travaillé pendant 20 pour une banque – et aujourd’hui, il est traiteur indépendant. Mike Fandel, maître-nageur à Esch, nous explique pourquoi son métier est aussi un métier artisanal – et pourquoi il a choisi de passer le Brevet. Une discussion inspirante sur les parcours atypiques, les compétences et la passion du métier.